SupporterClub

 

Funktioun

Den SupporterClub sinn Leit, déi ëmmer gär bei der Musik dobäi sinn fir si ze ënnerstëtzen. Si hëllefen d’Instrumenter op d’Plaatz ze droen, ginn bei den Hämmelsmärsch mat den Keesen mat an packen och soss gär eng Hand un.

Puer Mol am Joer halen si Schrottsammelungen an der Bauschelter Gemeng of, wou ëmmer Vill zesummen kënnt. Mat den Suen, déi dobäi gesammelt ginn, hunn si sech selwer an och der Musik vill Guddes gedoen. Der Musik hunn si am Laf vun den Joeren nei Pulter, eng schéin Concertstromm an och mol eng weider Pauk gesponsert.

Dozou kënnt, dass si ëmmer mat fir eng gutt Stëmmung op eisen Concerten an Fester suergen.

Memberen

President Schmit Guy
Vize-President Wiesen Pierrot
Vize-President Lanners Romain
Caissier Dhur Nico
Sekretär Nijenhuis Pascal
Mitglied Ernzer Frank
Mitglied Schmitz Arthur
Mitglied Gonçalves Bruno
Mitglied Meyers Frank
Mitglied Schwoerer Mike
Mitglied Streveler Ernest

Iwwert www.musikgemengbauschelt.lu

...een klengen Historique